|
Montpellier as eng Studentestadt matt zirka 63.000 Studenten, daat heescht dass all 4 den hei wunnt e Student as. Et gin 3 grouss Unien op denen een sou zimmlech all Fach kann studeieren.
En normalen Studiengang besteet aus 3 Joer Licence an 2 Joer Master.
Dei 3 grouss Unien sin:
Université de Montpellier 1
Université de Montpellier 2
Université de Montpellier 3
Université de Montpellier 1
Des Uni besteet aus verschiddenen Facultéiten matt verschiddenen Orientatiounen. Hier Gebeier sin duerch d'ganz Stadt verdeelt.
Dei haapt Facultéiten sin:
Faculté des sciences économiques
Faculté de droit
Faculté de médecine
Faculté de pharmacie
Faculté des Sciences du Sport et de l'Education Physique (STAPS)
Institut supérieur de l'entreprise de Montpellier (ISEM)
Faculté d'Administration et de Gestion
All weider Informatiounen fennt een op www.univ-montp1.fr
Université de Montpellier 2 (Fac de sciences)
Op deser Uni kann een all dei Fächer studeieren dei eppes matt Sciencen ze din hun, wei zum Beispill Physique, Mathé, Bio, Info, Chimie an sou weider.
Mei Infortmatiounen gin et op www.univ-montp2.fr
Université de Montpellier 3 ( Paul Valéry)
Op der Paul Valéry kann een all Fach studeieren daat an d'Kategorien lettres, arts, sciences humaines et sociales passt wei zum Beispill Sprochen, Philo, Geo, Geschicht, Psycho, Konscht an sou weider.
Fir dei Leit dei welles hun Arts Plastiques studeieren ze kommen as et wichteg ze wessen, dass een zu Montpellier nemmen dei eischt 3 Joer kann maachen, dono muss een d'Uni leider wiesselen.
Hei fannt der all Informatiounen op www.univ-montp3.fr
Niewend den Unien gin et zu Montpellier awer och Ecoles Supérieures wei zum Beispill:
Conservatoire National des Arts et Métiers (CNAM)
Ecole Nationale Supérieure de Chimie (ENSC)
Institut des Sciences de l'Ingénieur (Polytech)
Ecole d'Architecture
Ecole Nationale Supérieure Agronomique (ENSA)
D'Linken zu desen Schoulen fannt der op www.ac-montpellier.fr
Eng Wunneng zu Montpellier ze fannen as schweier, dofir soll een sou seier wei meiglech ufänken eng ze sichen. Am beschten direkt nom Examen, eier d'Fransousen färdeg mam bac sin an selwer op Wunnengssich mussen goen!
Fir eng Wunneng ze fannen, gin et verschidden Meiglechkeeten.
Dei eischt Meiglechkeet as, sech duerch d'Agencen ze kämpfen. De Problem hei as, dass vill Agencen en "garant français" verlangen. Dest as eng Persoun dei a Frankraich wunnt, schafft an och hei Steieren bezillt. Desen Problem kann een oft iwwer eng "garantie bancaire" emgoen bei där de Loyer vun engem ganzen Joer op engem compte blockeiert gett.
Dei zweet Meiglechkeet eng Wunenng ze fannen as iwwer den Internet. Hei gin et verschidden Saiten bei zu Beispill www.bonjour.fr oder www.seloger.com wou eenzel Persounen dei eng Wunneng hun, dei ausschreiwen fir ze verlounen. Dest huet e puer Viirdeeler: eischtens mol as denen dei Saach matt deem garant français meeschtens egal, soulang si hier Suen kreien. An zweetens sin dei Wunnengen oft besser an der Rei wei dei vun den Agencen. Waat och nach gudd as, as dass wann een e Problem huet, dass een direkt un de propriétaire kennt an sech net matt enger Agence muss ronderem ploen.
Et gin och Zeitungen wou Annoncen vun Wunnengen dran sin, mee et as oft esou, dass daat dei selwescht Annoncen sin, dei e puer Deeg virdrun am Internet waren. Et lount sech also eischter am Internet ze sichen.
Eng drett Meiglechkeet as, eng Wunneng vun engem aneren z'iwwerhuelen. Dofir am beschten mol am Forum kucken, oder selwer an de Forum schreiwen.
Et gin e puer Saachen op dei een oppassen soll wann een eng Wunneng sicht.
Daat wier eischtens mol d'Laag vun der Wunneng. Hei as den Quartier "La Paillade" ofzeroden well do d'Kriminalitéit zimmlech heich as.
Fir Leit dei den Auto wellen matt erof brengen as et wichteg dass eng Garage bei der Wunneng dobai as, oder dass een d'Meiglechkeet huet den Auto iergendwou ennerdaag ze stellen.
Wann een bis eng Wunneng huet, soll een sou seier wei meiglech d'CAF ufroen. Daat as eng finanziell Hellef vum franseichen Staat fir Leit dei naischt verdengen, also och fir Studenten. Daat as pro Wunneng ongefeier 140 Euro de Mount.
D'CAF kann een op www.caf.fr ufroen!
Et gin 3 Meiglechkeeten op Montpellier ze kommen:
Dei eischt Meilechkeet as den Auto. Et sin ronn 900 km vu Letzebuerg op Montpellier an den Trajet kascht ongefeier 80-100 Euro (Bensin+Péage). Wann een zu puer am Auto as, as daat also och relativ belleg.
Dei zweet Meiglechkeet as den Fliger. D'Ryanair flitt vun Hahn aus direkt op Montpellier. Dest as dei bellegst Methode, wann een frei un as kann een den Ticket fir enner 10 Euro kreien, wou dann nach Taxen vun ronn 30 Euro dobai kommen.
Dei lescht Meiglechkeet as den Zuch. Matt der Carte 12-25 kritt een oft 50% op den Ticketen, dann as et net allze deier. Am Daag as et am einfachsten iwwer Parais ze fueren. Et fiert awer och en Nuetszuch vu Montpellier direkt op Metz. Den Trajet dauert ongefeier 8 Stonnen an kascht matt der carte 12-25 em dei 50 Euro.
|
|
STUDENT SIN ZU MONTPELLIER |
|
Wei baal iwwerall a Frankraich maan och zu Montpellier dei meescht Caféen um 1 Auer hier Dieren zou.
Bekannten Studentecaféen sin zum Beispill:
Ayer's Rock: en Australesche Café op der esplanade de l'europe
Barberousse: klenge Café am Piraten Scheff Look bei der Comédie
Café Joseph: op der Place Jean Jaurès
Irish Corner: bei der Eco's Fac
Macadam: bei der Gare. Do as all Mettwoch erasmus soirée
Oxymore: am Zentrum beim Ciné Diagonal
Fitzpatrick's: en iresche Café op der Place St. Côme
Circus: bei der Place Jean Jaurès
Wann um 1 d'Caféen bis zou sin, an een awer keng Loscht huet Heem ze goen, kann een nach weider an eng Disco goen. Am Zentrum vu Montpellier gin et net vill Platzen dei no 1 nach op hun. Erwähnenswert sin:
Fizz: eng kleng Disco am Zentrum
Idem: eng Studentendisco net wait vun der Gare ewech
Rockstore: och net wait vun der Gare
Et gin awer och nach aner grouss Discoen, dei leien awer e bessen ausserhalb vu Montpellier, do gett et zum Beispill:
Pacha
Ysis
Villa Rouge
Palace
Dune
Et muss een dozou soen, dass d'Gedrenks immens deier as hei zu Montpellier, e Pint Beier kascht am Duerchschnett 5 Euro.
Et lount sech also op verschidden Reduktiounen fir Studenten opzepassen (Mettwochs am Macadam zum Beispill) oder virum Rausgoen bei engem doheem en Apero ze man....respektiv eng After.
Am Geigensatz zum Gedrenks as d'Iessen hei awer relativ belleg. E puer gudd Restauranten dei och engem Student sain budget net onbedengt sprengen sin zum Beispill:
Aux 2 Fondues: do kritt een Keis- an Fleesch Fondue matt Wain am biberon. Perfekt fir en längeren Owend ze starten.
La Chêneraie: do kritt een gudd Menuen ab 13 Euro. Bei der Place St.Côme
Don Peppino: gudd Pizzeria bei der Cathedrale
The Salmon Shop: do kritt een lauter Spezialitéiten matt Saumon
L'Escalier: bei der Place St.Côme
Montpellier as d'Haaptstadt vum département Hérault an vun der Regioun Languedoc-Roussillon an et as dei 8 gréissten Stadt a Frankraich.
Montpellier as am 10 Jorhonnert gegrennt gin an war virun allem bekannt weinst senger Medezins Uni, dei eischt dei et an Europa gin as.
Och haut nach as Montpellier voll matt Sehenswürdigkeiten aus aalen an och manner aalen Zaiten. Besonneg kuckenswert sin hei:
D'Cathédrale St.Pierre matt der Medezins Uni direkt niewendrun
Den Arc de Triomphe
De Peyrou
Jardin des Plantes
De Quartier Antigone matt der esplanade de l'europe
Montpellier lait net direkt um Mier, mee mam Auto as et awer guer net wait (+- 10 km). Dei nosten Plagen sin Carnon, den Petit- an de Grand Travers an Palavas. Am Summer sin dei Plagen zimmlech iwwerfellt matt Touristen, dann lount et sech e bessen mei wait ze fueren, zum Beispill op Espiguette.
Montpellier lait awer och an enger ganz interessanter Geigend wou et vill ze kucken gett. Et gin eng Parti Stied dei net allze wait vu Montpellier ewech leien an dei et sech lount emol kucken ze goen, ewei:
Sète: eng schein kleng Fescherstadt
Narbonne mam Palais des Archevêques
Nîmes: do kann een gudd akaafen an et gett eng réimesch Arena
Carcassonne: dei greissten Festungsstadt an Europa
Aigues Mortes: eng mei kleng Festung
Arles: eng réimesch Stadt matt engem Amphitheatre an enger Arena Avignon: eng reimesch Stadt dei haptsächlech bekannt as duerch den Palais des Papes an den pont d'Avignon
Mam Auto as een och seier an der Camargue, an der Provence an am pays cathare wou een dei aal Buergen kann kucken goen!!
All dei Leit dei gären Ski oder Snowboard fueren kommen hei och op hier Käschten. D'Pyrénéen sin net allze wait ewech. Ausserdem gin mer emol d'Joer op Grenobel Ski fueren.
D'Geigend as ausserdem bekannt fir hieren Wain, virun allem fir den Muscat.
All weider Informatiounen kann een sech an den Office de Tourisme op der Comédie sichen goen!
|